Passt op bei Foyer Assurances
Notrag:
Se verstoppen Commentairen ënnert hieren Posts, wéi traureg sidd dir dann!!
Regelméisseg ginn negativ Commentairen ënnert Äeren Posts verstoppt oder gelöscht!!! Stidd zu Äerem „Service“!!
Dann soot Äeren Clienten, dat Dir net opkommt béi Héichwaasser fir d’Personal, fir d’Fraisen opwuel dir all Joers iwert 3500€ ofbucht!! Well et jo eng Naturkatastroph war!!
Awer an Äeren Beiträg maacht dir op hëllefsbereed an dat dir fir d‘Leit do sidd!!
Null Service, an wann se sollen bezuelen, lossen se t‘Leit am Wasser stoen!!
An lo schreift net nees Äer automatesch Äntwert, dat een Iech eng Mail soll schécken, fir dat Dir den Fall analyséieren kënnt!!
All Mënsch huet matkritt, wat beim Héichwaasser geschidd ass, an Dir dréckt Iech lo, obwuel all Assurance ënnerschriwen ass!
Sie kommen bei enger Fermeture wéinst Héichwasser net fir den Ausfall op, well et eng Naturkatastroph ass… egalwaat. An dat huet lo 1 MOUNT gedauert!!! Ech hoffen fir déi aaner betraffen, dat se net bei Iech versëchert sinn!!
Foyer - Nr. 1 an Lëtzebuerg??? Vun hannen jo, méi net!!
Notrag:
Obwuel dës ‚nei Assurance‘ réicht virun puer Joer vun hinnen ungebueden gouf, hëllt een natirlech den Maximum un Sëcherheeten, an der Hoffnung et net ze brauchen. An wann et souwäit ass gëtt een 2 Méint warden geloss, fir dann Refusé ze kréien.
An wann Iech Äer persäinlech Donnén wichteg sinn, dann passt op, well Sie hätten gäeren Bilanen etc. fir d‘Perte auszerechnen, obwuel se wossten, dat se net bezuelen.
Sëcher nie méi Foyer!!
An dann wann een sech online opreegt, gëtt een op Leideleng angelueden, an se versichen een mat enger minimaler Somme monddout ze maan, an et soll een sou Saachen sinn lossen!! Eng Frechheet!!
Foyer Assurances - mir vergiessen net 👍
13. helmikuuta 2022
Oma-aloitteinen arvostelu